Den "Timmy" hänkt nees fest: De Buckelwal, dee sech an der Ostsee veriert huet, ass virun der Insel Poel gestrant
D'Situatioun fir de Buckelwal "Timmy" bleift weider seriö. De Wal louch e Mëttwoch virun der Insel Poel zu Mecklenburg-Vorpommern, wéi ee Spriecher vum Landesumweltministerium zu Schwerin sot. "Hien otemt an huet Beweegunge gemaach, ma huet sech net vun der Plaz beweegt."