Commentaire vum Marlène Clement: Déidlech Accidenter an de Bierger: Risiko-Faktor Mënsch
An de leschten Deeg hu sech d’Nouvellen iwwer déidlech Lawinen-Accidenter an den Alpe geheeft. Iwwer 70 Mënsche si bis ewell dës Wantersaison an Europa duerch Lawinen ëm d’Liewe komm. Een traurege Bilan. Séier entsteet den Androck, datt et dëst Joer extra geféierlech ass an de Bierger. Dobäi ass déi eigentlech Gefor d'Verhale vum Mënsch, fënnt d’Marlène Clement.