Eng reegelrecht Lëtzebuerger Legend: Haut viru genee fënnef Joer ass de Fausti vun eis gaangen
Fir vill Leit gëllt de Sänger an Entertainer nach ëmmer als déi Lëtzebuerger Ikon iwwerhaapt. Mat senger Musek huet hie ville Leit e Laachen a gutt Laun bruecht an ass dofir ëmmer nach staark an der Erënnerung present.