Commentaire vum Marc Hoscheid: Wéi seet een eigentlech "Selbstgol" op Russesch, Här Kartheiser?
Ufank vun der leschter Woch war de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser fir e puer Deeg op politescher Visitt zu Moskau. Den ADR-Politiker hat eng Invitatioun vum russesche Parlament ugeholl a sech nieft Deputéierten och mat engem vun de Vize-Ausseministere getraff. D'Opmierksamkeet war him domadder gewëss, awer och d'Kritik. Déi koum net just vum politesche Géigner, mee och aus den eegene Reien. D'EKR-Fraktioun, an där hien am EU-Parlament Member ass, wëllt hien ausschléissen. E Mëttwoch wäert doriwwer ofgestëmmt ginn.