Faktencheck: Video vum Trump senger "Droung u Pakistan" ass manipuléiert
Am Internet ass e manipuléierte Video am Ëmlaf, an deem den amerikanesche President Donald Trump ze soe schéngt, hie géif Pakistan "ausläschen", wann et Indien attackéiere géif. Dëse Video daucht an enger Zäit op, an där sech d'Tensiounen tëscht béide rivaliséierenden Atommuechten no enger déidlecher Attack op Touristen an der indesch verwalter Regioun Kaschmir verschäerfen.