Tëscheruff vum Céline Eischen: Meenungsfräiheet: Liblingsschutzschëld vun de Populisten
Eis Meenungsfräiheet ass a Gefor. Dat huet een um ADR-Kongress e Sonnde méi dacks héieren. Dass ee misst reguléiere wéi a wat op Social Media vu jidderengem eraus posaunt gëtt, gesäit d’ADR als eng Aschränkung vun der Meenungsfräiheet. D'Partei suivéiert hei d’Reegelen aus dem Spillbuch vun de Rietspopulisten aus dem Ausland, a setzt domat Demokratie an d'Meenungsfräiheet eréischt esou richteg a Gefor, fënnt d'Céline Eischen a sengem Tëscheruff.