Faktencheck: Mam Robert Kennedy Jr. senger Ernennung zum Minister komme seng al Theorien nees op
Den Impfkritiker Robert F. Kennedy Jr. gouf den 13. Februar 2025 als neie Gesondheetsminister vun den USA confirméiert. Seng Ernennung duerch den Donald Trump am November hat dozou geféiert, dass seng Behaaptungen, déi d'Effikassitéit vu Vaccinen a Fro stellen, nees opkoumen. A Sozialen Netzwierker ass zënter kuerzer Zäit en alen Zeitungsartikel am Ëmlaf, an deem behaapt gouf, dass de Microsoft-Grënner Bill Gates zur "Entvëlkerung duerch Zwangsimpfungen" opgeruff hätt.