Commentaire vum Annick Goerens: Antisemitismus: "Ni méi" dat ass ELO!
Zanter dem 7. Oktober, den Dag, wéi déi radikalislamesch Palestinenserorganisatioun Hamas Israel attackéiert huet an Israel doropshin eng Géigenoffensiv lancéiert huet, ass den Antisemitismus weltwäit dramatesch an d‘Luucht gaangen. Ugangs hu sech nach vill Leit solidaresch mat Israel gewisen, ma mëttlerweil vermësst d‘Annick Goerens a sengem Commentaire den "Aufschrei" - wéi déi Däitsch géinge soen, d‘Indignatioun géint de blannen Haass géintiwwer Judden.